D'AET

D'Administratioun fir technesch Enquêten (AET) steet ënner der Tutelle vun deem Regierungsmember, deen den Transport a sengen Attributiounen huet.

Geleet gëtt se vum Direkter vun der Administratioun fir technesch Enquêten.

D'Missiounen an d'Organisatioun vun der Administratioun sinn an hirem modifizéiertem Grënnungsgesetz festgehalen (loi modifiée du 30 avril 2008).

Attributiounen

D'Haaptobjektiv vun der Administratioun fir technesch Enquêten ass d'Verbesserung vun der Sécherheet an de Beräicher vun der ziviller Loftfaart, dem Floss- an Héichséitransport, dem Zuchverkéier an dem Verkéier op ëffentleche Stroossen duerch d'Präventioun vun Accidenter oder schwéieren Tëschefäll.

D'Administratioun fir technesch Enquêten huet als Missioun eng technesch Enquête ze maachen bei Accidenter oder schwéieren Tëschefäll an de Beräicher vun:

  • der ziviller Loftfaart;
  • dem Zuchverkéier, den Tram mat abegraff;
  • dem Verkéier op ëffentlechen Stroossen;
  • dem Floss- an Héichséitransport.

Déi spezifesch Bestëmmungen, déi d'Modalitéiten vun enger technescher Enquête an den Attributiounsberäicher vun der AET definéieren, kënnen an den Rubriken vun deenen eenzelen Kompetenzberäicher nogekuckt ginn.

D'technesch Enquête ass, am Reegelfall, ofgeschloss mat der Produktioun vun engem Rapport, deen:

  • den Oflaf vun der Enquête erkläert;
  • d'Bestanddeeler an d'Analysen erëm gëtt, déi am Laf vun der Enquête erhuewe goufen;
  • d'Konklusioune presentéiert;
  • d'Rekommandatioune (wa méiglech) proposéiert déi verhënnere sollen datt esou een ähnlechen Accident oder schwéieren Tëschefall sech widderhëlt.  

Konform zum Artikel 6 vum modifizéiertem Gesetz vum 30. Abrëll 2008, ginn déi Rapporten am PDF-Format publizéiert a kënnen op de Säite vun deenen eenzele Kompetenzberäicher opgeruff oder erofgeluede ginn.

Aktualiséiert